MY Hiescht21 IMAGE_Text kleng.jpg
 
 
 
 

MERIDIAN YOGA AM HIERSCHT
mam Metall-Element

september 2021

sech ausdeenen a lassloossen
austausch a grenzen- frÄiheet, kloerheet a kommunikatioun

 

Namasté, 

Aus der Serîe Meridian Yoga mat den 5 Elementer oder 5 Wandlungsphasen starte mir mam Ufank vum Hierscht an d’Metall-Element.

D’Natur weist eis wat fir e Prozess mir grad duerchlafen. D’Blieder un de Beem fänken un sech ze verfierwen a falen lues a lues erof. Deeg gi siichtbar méi kuerz an Niwwel zitt op. Et ass d’Zäit vum lassloossen a sech sammelen. Mir ginn erëm un d’Vergänglechkeet vum Liewen erënnert an Trauregkeet ka sech an eis ausbreeden, déi duerch Verloschtgefiller ausgeléist kënne ginn. Mee et léiert eis awer och d’Vergaangenheet mat Dankbarkeet unzehuelen an eis ze versönen mat deem wat war a mat deem wat ass.

Am Metall-Element geet et ëm d’Ophuelen vun Qi, Prana, Liewensenergie oder Sauerstoff iwwert den Otem an eis Longen an erëm alles auszescheeden iwwert den Daarm wat de Kierper net méi brauch, an dat net nëmmen op physeschem, mee och op emotional/geeschtegem Plang.

Di 2 Meridianen, déi zum Metall-Element gehéieren, heeschen Longen-an Déckdaarm-Meridian.

De Longe-Meridian stellt eng vun eisen 3 Haaptkraaftquellen duer, fir Energie an eis opzehuelen a verschafft d’Energie, déi se ophëlt esou, dat Ofwierkräfte an eis mobiliséiert ginn, déi eise Kierper sëlwer produzéiere kann. D’Haut steet fir eis Grenzen an ass en Deel vun eisen Ofwierkräften a schützt eis viru Keelt, Wand an Hëtzt. Dem Déckdaarm seng Haaptaufgab ass ausscheeden a lassloossen.

D’Haapt-Emotioun vun dësem Element ass d’Trauer.

An den Podcast’en ginn ech nach méi an den Detail fir dëst Element z’erklären.

Mat Hëllef vum Meridian-Yoga fënns du e Wee fir Energieblockaden, Verspanungen a Stagnatiounen op physeschem, mentalem an emotionalem Plang opzeléisen.

Free dech op eng Rei vu Video’en mat Yoga-Übungen, Podcast’en mat vill Informatiounen, Meditatiounen mat der Ënnerstëtzung vun ätheresch Uelegen- déi ech an engem gewëssen Zäitraum poste wäert.




Annette💛

 

MERIDIAN YOGA AM Hierscht - Introduktioun vum metall-element

Hei stellen ech d’Metall-Element kuerz vir an erklären de Verlaaf vum Longen-an Déckdaarm-Meridian.

MERIDIAN YOGA AM HIERSCHT - üBUNGEN 1 MAM METALL-ELEMENT

Mir maachen verschidden Otem-Übungen a sinn eis bewosst, dass mir iwwert eisen Otem Qi, Prana, Liewensenergie oder Sauerstoff an eise Kierper ophuelen an domat eng vun den 3 wichtegsten Kraaftquellen hunn, fir dat eise Kierper iwwerhaapt awandfräi funktionéiere kann. Eise ganzen Immunsystem gëtt stimuléiert an de Kierper kann sech sëlwer hëllefen, fir erëm gesond ze ginn. Duerch dës Übungen kriss du e bessert Kierpergefill a kanns Stress-Situatioune besser geréieren.

MERIDIAN YOGA AM HIERSCHT - ÜBUNGEN 2 MAM METALL-ELEMENT

Eng Suite vu verschidden Übungen am Stoen, fir den Longen-a Déckdaarm-Meridian z'aktivéieren.

meridian yoga AM HIERSCHT - ÜBUNGEN 3 MAM METALL-ELEMENT

Am leschte Video mat den Yoga-Sequenzen mam Metall-Element komme mir erëm zréck op de Buedem. E puer douce Übungen preparéieren eis op de Shavasana, eng kleng Meditatioun als Ofschloss fir an d’Rou ze kommen.

meridian yoga AM HIERSCHT - Podcast/video 1. deel MAM METALL-ELEMENT

An dësem Podcast/Video erklären ech di verschidden Themen vum Metall-Element: Fräiheet, Ophuelen, Lassloossen, Ausscheeden, Kommunikatioun, Grenze-setzen an Grenziwwerschreidungen, Kloerheet, Gerechtegkeetssënn, Rhythmus.

meridian yoga AM HIERSCHT - Podcast/video 2. deel MAM METALL-ELEMENT

An dësem leschte Podcast/Video ginn ech nach eng Kéier an op di 2 Meridianen Déckdaarm-a Longen. Si gehéieren zum Metall-Element, dat mam Hierscht verbonnen ass. Weiderhin gesi mir, wat dëst Element aus sengem Gläichgewiicht bréngen kann a wat mir maache kënnen fir et ze stäerken.

MERIDIAN YOGA AM HIERSCHT - üBUNGEN um STULL MAM METALL-ELEMENT

An dësem Video maache mir nach eng Kéier e puer Yoga-Übungen um Stull, déi speziell fir d'Metall-Element geduecht sinn, also fir de Longen-an Déckdaarm-Meridian. Du kanns di ganz Sequenz beieneen maachen oder awer di eng oder aner Übung zwëschenduerch op engem Stull oder souguer um Canapé oder Fotell maachen. Et sinn och verschidden Otemübungen derbäi, déi dir hëllefen méi an d'Rou an an deng Mëtt ze kommen.

MERIDIAN YOGA AM HIERSCHT: aktiv ätheresch ueleg-meditatioun - deel 1 mam metall-element

An dësem Video maache mir eng aktiv Meditatioun a Verbindung mat äthereschen Ueleger. Hei kanns du di verschidden Longen-an Dëckdaarm-Akupunkturpunkten aktivéieren.

AN YOGA AM HIERSCHT: aktiv ätheresch ueleg-meditatioun - deel 2 mam metall-element

An dësem leschte Video/Podcast maache mir eng passiv Meditatioun a Verbindung mat äthereschen Ueleger. Du duerfs dech entspanen an dech nëmmen op däin Otem an déi Kierper konzentréieren.

 
 
 
 
 
 
 
MY am Speitsummer IMAGE_Text kleng.jpg
 
 
 
 

MERIDIAN YOGA AM SPÉITSUMMER
mam Äerd-Element

august 2021

ophuelen an ëmwandelen
gebuergenheet a selbstvertrauen

mam spéitsummer d’liewen genéissen

 

Namasté, 

Aus der Serie 5 Elementer oder Wandlungsphasen starte mir elo an d’Äerd-Element, dat tëschent dem Summer an dem Ufank vum Hierscht leit an als Spéitsummer bezeechent gëtt. 

Dëst 4 . Element wat d‘Äerd-Element duerstellt, erklären ech dir an Podcast’en méi am Detail.
An dësem Element ginn et 2 Meridianen déi Mo-a Mëlz-Meridian heeschen.

Bei dësen Übungen ënnerstëtze mir de Verlaf vun dësen 2 Meridianen an hëllefen domat net nëmmen eiser Verdauung, mä werden eis erëm äerden, d.h. eis besser mat der Äerd verbannen. Op séileschem Plang fille mir eis dann gebuergen a stärken eist Selbstvertrauen.

Mat Hëllef vum Meridian-Yoga fënns du e Wee fir Energieblockaden, Verspanungen a Stagnatiounen op physeschem, mentalem an emotionalem Plang opzeléisen. 

Free dech op eng Rei vu Video’en mat Yoga-Übungen, Podcast'en mat vill Informatiounen, Mediatiounen och erëm mat der Ënnerstëtzung vun ätheresch Uelegen – déi ech an engem gewëssen Zäitraum poste wäert. 


Annette 💛

 
 

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUMMER - INTROduktioun vum Äerd-element

An dësem 1. Video erklären ech de Verlaaf vun den 2 Meridianen - dem Mo-an dem Mëlz-Meridian.

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUMMER- übungen 1

Am 2. Video fänke mir un mat e puer Warm-.ups fir di 2 Meridianen vum Äerd-Element z'aktivéieren an fir eis allgemeng opzewiermen.

Mir spieren de Verlaf an den Ärem an haaptsächlech an de Been an et geet drëm sech gutt z'äerden.

meridian yoga am spéitsummer - übungen 2

An dësem Video am Äerd-Element, dat zum Spéitsummer gehéiert, fuere mir weider mat Übungen, déi um Buedem ausgefouert gin, an haaptsächlech eis Been an eis Féiss aktivéieren fir eis gutt z'äerden.

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUNMER - ERKLäRUNGEN DEEL 1 VUM äERD-ELEMENT

Am 1. Deel vun dësem Podcast ( kee Video), erklären ech d'Relatioun vum Spéitsummer mam Äerd-Element an di allgemeng Funktiounen vu dësem Element.

Thumbnail M.Y. am Äerd-Element ÜBUNGEN 3 .jpg

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUMMER - üBUNGEN 3

An der suite vun den Sequenzen am Äerd-Element, komme mir elo no uewen an de Stand an aktivéieren nach méi eis Been an eis Féiss.

Thumbnail V.-Podcast am Äerd-Element DEEL 2.jpg

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUMMER - ERKLÄRUNGEN DEEL 2 VUM ÄERD-ELEMENT

Am 2. Deel vun dësem Podcast ( kee Video) erklären ech di 2 Meridianen (Mëlz- a Mo-Meridian), déi mat dësem Element verbonne sinn, wat fir eng Symptomen hei optriede kënnen a wat e maache kann fir dëst Element ze stäerken.

THUMBNAIL M.Y. AM ÄERD-ELEMENT Übungen 4.jpg

MERIDIAN YOGA AM SPéITSUMMER - ÜBUNGEN 4

Zum Schluss komme mir aus dem Stand dann erëm zréck op de Buedem an deenen nach emol intensiv de Mo-an de Mëlz-Meridian an domat och eis 'Been an eis Féiss. Duerno kanns du an der Shavasana eng Meditatioun maachen mat der Äerd.

Thumbnail am Äerd-Element um Stull.jpg

meridian yoga am spéitsummer - übungen um stull

Dës Übungen um Stull si geduecht fir tëschenduerch wann's de net vill Zäit hues oder wann et net méiglech ass Yoga um Buedem auszeféieren. An de Fokus leit hei och erëm op de Been an de Féiss.

Thumbnail äth.Ueleg-M. DEEL 1.jpg

Ätheresch Ueleg aktiv Meditation - am Spéitsummer Deel 1

An dësem Video féieren ech dech duerch di 2 Meridianen a maachen eng aktiv Meditatioun ënnerstëtzt vun den äthereschen Uelegen. Mir konzentréieren eis op di verschidden Akupunkturpunkten, déi op dëse Meridianen leien.

Thumbnail äth.Ueleg-M. DEEL 2.jpg

Ätheresch Ueleg passiv Meditatioun - am Spéitsummer Deel 2

Dëst ass eng guidéiert a passiv Meditatioun mam Äerd-Element a mam Solarplexus, wou's du dech komplett entspane kanns.

 
 
 
 
 
 
 
Meridian Yoga SUMMER Website 2.jpg
 
 
 
 

MERIDIAN YOGA AM SUMMER
mam Feier-Element

Juni 2021

Aktivitéit a Wäermt
Zirkulatioun a Schutz

Summerufank mam solstice den 21. Juni,
eran an e neit Element mat Freed an Harmonie

 

Namasté, 

Aus der Serie 5 Elementer oder Wandlungsphasen starte mir elo nom Fréijoer an dem Holz-Element an de Summer mam Feier-Element, dat den 21. Juni ufänkt. 

Dëst 3. Element wat d‘Feier-Element duerstellt, erklären ech dir an engem Podcast méi am Detail.
Hei sinn net nëmmen 2 Meridianen, mee 4 an dat sinn: Den Häerz- an Dënndaarm-Meridian an den Häerzkreeslaf-an dräifacher Erwiermer-Meridian. 

Bei dësen Übungen,déi dëst Element an di 4 Meridianen gutt ënnerstëtzen, geet et haaptsächlech drëm de Broschtkuerf an den Häerz-chakra z'aktivéieren, sou wéi d'Schëllerblieder an di ganz Partie do dertëscht. De Verlaf vun dëse Meridianen deenen sech (am erweiderte Sënn) awer och aus iwwert d'Been bis an d'Féiss. Et geet also ëm di emotional Stabilitéit, ëm Harmonie a Balance, Freed a Laachen, ëm d'Léift an ëm d'Matgefill an awer och ëm d'Bewosstsinn.

Mat Hëllef vum Meridian-Yoga fënns du e Wee fir Energieblockaden, Verspanungen a Stagnatiounen op physeschem, mentalem an emotionalem Plang opzeléisen. 

Free dech op eng Rei vu Video’en mat Yoga-Übungen, Podcast'en mat vill Informatiounen, Mediatiounen och erëm mat der Ënnerstëtzung vun ätheresch Uelegen – déi ech an engem gewëssen Zäitraum poste wäert. 


Annette 💛

 
 

Merdian Yoga am Summer | Introduktioun vum FEIER-ELEMENT

SUMMERUFANK - SOLSTICE
Den 1. Video fir des nei Serie am Summer mam Feier-Element.

MERIDIAN YOGA AM SUMMER - üBUNGEN 1

An dësem 2. Video gi mir elo iwwer an d'Meridian-Yoga-Übungen. Hei leit de Fokus haaptsächlech am Uewerkierper, an am Broschtkuerf. Mir spieren wéi d'Energie duerch de Broschtkuerf iwwert eis Ärem bis an Fangerspëtzen fléisst. Loss d'Liicht an denger Virstellung an däin Häerz fléissen, wéi eng Liichtdusch. Et ass wichteg ze wëssen, dat dëst d'Liicht net statesch me fléissend ass. Sou kann d'Häerz opgoen a sech fëllen mat Liicht a mat Léift.

meridian-yoga am summer - Übungen 2

Am 3. Video vun dëser Serie fuere mer weider mat Yoga-Positiounen, déi speziell geduecht sinn, fir d' Meridianen vum Feier-Element ze stimuléieren. Des Kéier leit de Fokus um Häerz-an Dënndarm-Meridian an um Broschtkuerf, fir dësen z'erweideren. Den viischten an hënneschten Häerz-chakra ginn domat opgemaach. Loss d'Liicht an denger Virstellung an däin Häerz fléissen, wéi eng Liichtdusch. Et ass wichteg ze wëssen, dat dëst d'Liicht net statesch me fléissend ass. Sou kann d'Häerz opgoen a sech fëllen mat Liicht a mat Léift. Harmonie a Balance, Freed a Matgefill, sou wéi eng Erweiderung vun dengem Bewosstsinn ass d'Ziel.

meridian-yoga am summer - Übungen 3

Am Zen-Shiatsu geet de Verlaaf vun dëse 4 Meridianen weider duerch d’Been bis an d’Féiss. An dësem 4. Video spiere mir dofir an de ganze Kierper eran. D’Positiounen ginn haaptsächlech am Stoe gemaach. Maach d'Übungen nëmme sou weit wéi déi Kierper dir et erlaabt.

meridian-yoga am summer - Übungen 4

Mat dësem Video schléisse mer d’Yoga-Sequenzen of. D’Positiounen ginn um Buedem am Leie gemaach an uschléissend kanns du an d’Shavasana-Positioun goen a wärend 5 - 20 Minutten oder méi laang meditéieren.

MERIDIan-yoga am summer - Übungen um stull

An dësem Video kanns du verschidden Yoga Positiounen vum Summer-Element och um Stull ausüben. Du kanns se tëschenduerch am Dag maachen oder um Büro, entweder di ganz Sequenz oder awer sich dir e puer Übungen oder just eng eraus, déi dir gutt dinn. Heiansdo huet e net vill Zäit fir sech sëlwer, an dann ass et gutt wann een di eng oder aner Übung einfach a séier maache kann, fir sech erëm gutt ze fillen.

ätheresch Ueleg-Meditatioun - am Summer

1. Deel

Zum Schluss vun der Wandlungsphas maache mir nach eng Rees duerch de Kierper mat dem jeeweilegen Element. Des Kéier léit eis ganz Opmierksamkeet op deene 4 Meridianen (oder Energiebunnen) vum Feier-Element. An dat sinn 2 Koppelen: den Häerz-an Dënndaarm-Meridian an den Häerzkreeslaf- an Drei-facher Erwiermer-Meridian. Fir d'éischt klappe mir d'Meridianen of fir se z'aktivéieren an duerno gi mer duurch verschidden Akupunkturpunkten. Ech hunn der e puer ausgewielt déi fir dech interessant kënnte sinn. Dës aktiv Meditatioun maache mir dann mat der Ënnerstëtzung vun engem äthereschen Ueleg. Du kanns dir een erauswielen deen dir am beschte gefält, am beschten een den däin Häerz-chakra ënnerstëtzt an opmecht, wéi z.B.: Geranium, Rousen-Ueleg oder Rousenholz-Ueleg. A gären kanns du och nach wärend der Meditatioun e puer Drëpsen an däin Diffuser maachen an den Doft op dech awierke loossen.

Stillpoint Summer_Thumbnail ätheresch Ueleg-Meditatioun Deel 2 .jpg

ätheresch Ueleg-Meditatioun - am Summer 2.Deel

Eng guidéiert Häerz-Meditatioun verbonnen mat den äthereschen Uelegen mam Feier-Element am Summer.

Lauschter de Podcast hei:

https://soundcloud.com/annetteschlesserraths/podcast-ueleg-meditatioun-am-summer

podcast meridian yoga am summer: erklÄrungen deel 1

An dësem Podcast erklären ech wat d’Feier-Element am allgemengen bedeit a wat fir eng Funktiounen mat dësem Element verbonne sinn.

podcast meridian yoga am summer: erklÄrungen deel 2

An dësem Podcast erklären ech wat fir Meridianen am Feier-Element sinn a wat fir eng Bedeitung si hunn.

podcast meridian yoga am summer: erklÄrungen deel 3

An dësem leschten Podcast vum Summer erzielen ech wat fir eng Symptomer antriede kënnen wann d'Feier-Element aus dem Gläichgewiicht geréit a wat e maache kann fir et ze stäerken.




 
 
 
 
 
 
 
163215494_2895761617332197_4131039226047251400_o.jpeg
 
 

MERIDIAN YOGA AM FRÉIJOER
mam Holz-Element

MÄERz 2021

Een Opbroch an eng nei Energie-Qualitéit
mat vill Schwong, neien Ideen, Visiounen & Kreativitéit
Wuesstem & Kraaft

 

Namasté, 

D'Fréijoer ass do... e gudde Moment fir selwer opzebléien!

Aus der Serie 5 Elementer oder Wandlungsphasen starte mir elo nom Wanter a Waasser-Element mam Holz-Element an d’Fréijoer, dat den 20. Mäerz ufänkt. 

Dëst 2. Element wat d‘Holz-Energie duerstellt, erklären ech dir an engem Podcast méi am Detail. Hei geet et em Wuesstem, nei Kraaft sammelen, nei Ideen realiséieren, Visioun’en hunn an des mat vill Kreativitéit ausféieren – awer och em Rengegung an Entgëftung. Eng gutt Geleeënheet fir nees eng Detox- an Entschlackungskur ze maachen – däi Kierper an däi Geescht soen dir Merci dofir. 

Übungen, déi des Kur gutt ënnerstëtze kënnen, bestinn haaptsächlech aus Dréibewegungen fir d’Säitepartien vum Kierper unzereegen an domat den Liewer-a Gaaleblossemeridian z’aktivéieren, déi zu dësem Element gehéieren. 

Mat Hëllef vum Meridian-Yoga fënns du e Wee fir Energieblockaden, Verspannungen a Stagnatiounen op physeschem, mentalem an emotionalem Plang opzeléisen. 

Free dech op eng Rei vu Video’en an e Podcast mat vill Informatiounen, Mediatiounen och erëm mat der Ënnerstëtzung vun ätheresch Uelegen. 


Ech hoffen du bass derbäi!
Ech free mech op dech.

Annette 💛

 
 
 
 

Meridian yoga mam holz-element - Introduktioun

Den 1. Video fir des nei Serie am Fréijoer.

 

Warm-up: "Übungen 1"

Mat dësen Übungen kanns du deng Gelenker a Muskelen opwiermen iers du d‘Meridianen dehns. Et as wichteg dëse Warm-up all Kéier, och bei den nächsten Übungen ze widderhuelen. Sou gewinnt däi Kierper sech lues a lues un d‘Dehnungen, an d'Gefoer dir wéih ze doe gëtt miniméiert.

 

VIERFÜSSLER-STAND an KRIEGER I AN II : “Ü B U N G E N 2”

Mir schaffen eis iwert verschidden Dréi-Bewegungen vum Vierfüsslerstand an d’Haltung am Stoen a kommen do an d’Kriegerpositiounen I and II, déi eis Kraaft an Ausdauer schenken. Zousätzlech ennerstëtzen Dréiungen den Entfgëftungsprozess am Kierper.

Schéin Ouschteren.jpg

Namasté,

Ech wënschen iech alleguer e ganz schéint Ouschterfest voller Freed, an der Iwerzeegung an am Wëssen dat um Ënn alles gudd get.

Annette ❤

MERIDIAN YOGA UM STULL

Yoga am Sëtzen op engem Stull kanns du ëmmer a ganz einfach iwerall maachen - doheem oder am Büro fir Verspannungen ze leisen - oder juste nëmmen fir zweschenduurch däi Kierper ze dehnen.

Yoga Flow mat Krieger/HELD-Positiounen: “ÜBUNGEN 3”

Komm an de Flow mat verschidden Krieger-oder Held-Positiounen a brëng Schwonk an däin Alldaag eran. Dës fléissend Yogapraxis as eng Sequenz vun Übungen, déi dir hëllefen de Fokus ze haalen, deng Been, däi Rëck an däi ganze Kierper ze stärken. Si schenken dir Flexibilitéit, Stabilitéit a Kraaft.

MERIDIAN YOGA / HOLZ-ELEMENT / PODCAST 1

An dësem 1. Deel geet et ëm d’Holz-Element allgemeng. Firwat ass d’Holz-Element gutt? Wat bedeit et? Wat fir eng Geschenker sinn doranner enthal? Wuesstem, Späicheren, Verdeelen, Entscheedungen treffen, Kraaft, Kreativitéit a Visiounen sinn e puer Stëchwieder an ginn hei am Detail erkläert.

MERIDIAN YOGA / HOLZ-ELEMNT / Podcast 2

Den 2. Deel an dëser Serie, erkläert méi am Detail, wat speziell den Liewer-Meridian bedeit. Et ass den Yin-Partner vum Galeblose-Meridian. Dës 2 Meridianen gehéieren zesummen a spillen eng Roll als Yin a Yang-Partner. D'Qualitéit vun der Liewer-Energie steet fir Plangen, Verdeelen, Uerdnung a Rengegung, mee och fir den Ausgläich vun den Emotiounen.

meridian yoga am STOEN : “üBUNGEN 4”

Am 4. Video vun dëser Serie komme mir vum Buedem erëm no uewen a maache weider mat Übungen, déi nach ëmmer speziell ausgeriicht sinn fir d’Holz-Element ze stäerken an z’ënnerstëtzen, also speziell den Liewer-a Galeblose-Meridian. Dréibewegungen, haaptsächlech am Stoen, an Deenungen vun dësen spezifeschen Meridianen, stinn am Fokus. Blockade gi geléist, d’ Muskulatur gëtt gestäerkt an erëm geschmeideg, Gëftstoffer gin ausgeleet an anengems gëtt den Immunsystem gestäerkt.

MERIDIAN YOGA / holz-element / podcast 3

Am 3. Deel vun dëser Serie erklären ech wat den Galeblose-Meridian fir eng Roll spillt an dësem Element. Et ass de Yang-Partner vum Liewer-Meridian an ass ganz kraaftvoll. D'Liewensenergie déi duerch dëse Meridian fléisst steet fir Entscheedungen ze treffen, Courage, Ausdauer, Flexibilitéit, Rotatioun a Gläichgewiicht.

MERIDIAN YOGA Deenungen um buedem

Am 5. a leschte Video aus der Serie Holz-Element gin haaptsächlech nach emol d'Been gedeent an domat och de Verlaf vum Liewer-a Galeblosemeridian. Des Übungen gin um Buedem ausgeféiert. Et ass wichteg den Otem genau an d'Deenung eran ze lenken, fir de Meridian ze spieren. Blockaden an Energiestau’e gi geléist, an e Gefill vu Liichtegkeet a Flexibilitéit stellt sech an.

MERIDIAN YOGA / HOLZ-ELEMENT / PODCAST 4

An dësem leschte Podcast aus der Serie Holz-Element geet et em d'Symptomer an d'Stäerkung vum Liewer-a Galeblose-Meridian. Wat kann e maachen fir d'Holz-Element ze stäerken a wat schwächt et? Wat sinn d’Symptomer vun enger Energieschwächt an dësem Beräich? E puer Tipps fir des 2 Meridianen z'ënnerstëtzen an de Kierper z'entschlaken gin hei ernimmt.

meditatioun mat Äthereschem ueleg am fréijoer -

DEEL 1

Eng Ueleg-Meditatioun mat verschidden äthereschen Uelegen, déi speziell d’Liewer an d’Galeblos ureegen an de Kierper bei der Entgëftung ënnerstëtzen. Ech guidéieren dech duerch des Meditatioun, andeems mir d’Haapt-Akupunkturpunkten vun der Holz-Energie mat enger spezieller Otem-a Klapptechnik aktivéieren.

Am 1. Deel verbanne mir eis mat dem Doft vun engem ausgewielten Ueleg, deen des Meditatioun ënnerstëtze soll.

meditatioun mat Äthereschem ueleg am fréijoer -

DEEL 2

Am 2. Video stimuléiere mir den Galeblose-Meridian mat enger spezieller Otem- a Klapptechnik, verbonnen mat enger aktiver Meditatioun. Dobäi féieren ech dech duerch di verschidden Haapt-Akupunkturpunkten an erklären fir wat se bestëmmt sinn. Ziel ass den Energiefloss unzereegen.

meditatioun mat Äthereschem ueleg am fréijoer -

DEel 3

Am 3. Video gi verschidden Akupunkturpunkten vum Liewer-Meridian aktivéiert mat der Otem-a Klapptechnik a mir bleiwen an der aktiver Meditatioun. D’Energie gëtt domat un d’Fléissen bruecht.

meditatioun mat Äthereschem ueleg am fréijoer -

DEel 4

Am 4. a leschten Deel maache mir eng passiv Meditatioun a verbannen eis nach emol intensiv mat den Organer Liewer a Galeblos direkt. Verbann dech mat den Doftmolekülen vun dengem ausgewielten Ueleg an entspan dech. Ech wënschen dir eng schéi Rees an däi Kierper.

 
 
 
 
 
 
 
Meridian Web BANNER NEW.jpg
 
 

EN NEIUFANK
De Wanter fänkt un – an domat en neien Zyklus.

Dezember 2020


Namasté,

Mat dëser Serie féieren ech dech an d'Welt vum Meridian-Yoga an den 5 Elementer oder Wandlungsphasen an. Dëst fänkt mat der Solstice an dem Wanterufank un, dem 21. Dezember.

Ech erkläre wéi alles zesummenhänkt, erzielen dir a Podcasts vum Hannergrond an d'Bedeitung vun dëser Yogaform, a weisen dir e puer ganz einfach Übungen, déi dëst 1. Element ënnerstëtzen. Dozou féieren ech dech nach duerch Meditatiounen, ënnerstëtzt vun ätheresch Uelegen, a mat der Hëllef vun Kraaft vun der Natur.

Dat éischt Element wat mir kenneléieren, ass d'Waasserelement – de Bezuch zu eisem Kierper – et stellt den Ufank an d'Enn vun engem Liewenszyklus duer. Et geet ëm Äerdung, Basis, Wuerzelen, Virfueren, Vertrauen an d'Liewen, Eensgin mat Verännerungen, Upassung un nei Situatiounen am Liewen... an fir an der Balance sou wéi an Harmonie ze liewen, mat engem gesonden Ausgläich vun Aktivitéit a Rou.

De Meridian-Yoga hëlleft eis Verspanungen op physeschem a mentalem Plang ze léisen, bréngt eis méi Flexibilitéit, Beweeglechkeet, eng besser Duerchbluddung, a léist Energieblockaden.

Dëse Programm, deen dech duerch d‘ganzt Joer begleed, hëlleft dir d‘Verantwortung fir deng Gesondheet selwer z‘iwerhuelen.

Lass geet et den 21. Dezember 2020.
Ech hoffen du bass derbäi!


Ech wënschen dir ganz vill Spaass! 💛
Annette

 
 
 
 

Introduktioun: Wat ass Meridian Yoga?

Hei erklären ech dir den Hannergrond, d’Bedeitung an d’Wierken vun dëser spezieller Yoga Technik.

 

Meridian Yoga Übungen am Waasser-Element

E puer ganz einfach Übungen fir doheem matzemaachen.

 

Meditatioun mat äthereschem ueleg

Hei stellen ech dir e puer Zorten ätheresch Ueleger vir, a wéi’s de se kanns asetzen fir an eng méi déif an effektiv Meditatioun ze kommen.
Wanns de nach Froen hues zum Thema ätheresch Ueleger, stinn ech dir gär zur Verfügung! Schreif mir einfach op annette.schlesser@pt.lu

 

Meridian Yoga Übungen am Sëtzen

E puer einfach Übungen um Stull, fir doheem matzemaachen.

 
 
 
 
 
 
 
 
Detox November FB BANNER 2.jpg
 
 

DETOX YOGA FIR DEN HIERSCHT 2020

November 2020

Fir elo den Hierscht gesond duerchzestoen – a ganz besonnesch an dësem Joer! – ass et wichteg e staarkt Immunsystem ze behaalen!

Hëllefe kann dobäi DETOX-YOGA.

Iwwert den November posten ech all Woch 7 Video-Couren, déi dech an der Stärkung vun dengem Immunsystem ënnerstëtzen.
(Widderhuelung vun de Couren am Mee 2020)

Maach mat, et ass einfach, an deet der Séil gutt!

Vill Spaass!
Annette

 
 
 
 

Woch 1 (Playlist 1-7)
Detox Yoga am Hierscht

 

Woch 2 (Playlist 8-15)
Detox Yoga am Hierscht

 

Woch 3 (Playlist 16-22)
Detox Yoga am Hierscht

 

Woch 4 (Playlist 23-30)
Detox Yoga am Hierscht

 
 
 
 
 
 
 
 
Detox Yoga Website Banner.jpg
 
 

DETOX YOGA CHALLENGE

MEE 2020

D'Fréijoer ass déi perfekten Zäit fir Kierper a Geescht ze entgëften, an endlech däi Potential, dat an dir stécht, fräizeleeën.

Maach mat beim DETOX YOGA CHALLENGE - 1 Mount laang, 1 Übung, all Dag. Vum 1. MEE un, fënns de hei all Dag e kuerze Video mat verschidde Positiounen. Mir befreien eis vun allem Negativen, an dat op 3 Ebenen: PHYSESCH, MENTAL an EMOTIONAL.

Fréijoersbotz ass net nëmme wichteg fir d'Haus... et ass och wichteg fir Kapp, Häerz a Séil!

Ech free mech op dech!

Annette

 
 
 
 

Intro
Detox Yoga Challenge - 1 Mount. 1 Übung. All Dag!

 

Wat ass Detox Yoga? Wat muss ech wëssen? A wat brauch ech dofir?

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Yoga Home Sessions 2.jpg
 
 

YOGA HOME SESSIONS

An dëser Yoga-Serie guidéieren ech dech duerch onkomplizéiert Yoga-Übungen, déi’s du doheem ganz einfach kanns nomaachen. Du fënns hei komplett Yoga Sessions vun 1½ Stonn - grad esou wéi eenzel Übungen a Positiounen, fir wanns de emol manner Zäit hues.

Et ass wichteg, all Übung bewosst mat der richteger Otmung auszeféieren.
Géi an dengen Übungen ëmmer nëmme sou wäit, wéi däi Kierper et erlaabt.

Vill Spaass a gutt Entspanung!

 
 

Des komplett Yoga Session vun 1½ Stonn setzt sech aus 6 kuerzen Eenheeten zesummen, déi's de och als eenzel Übungen kanns maachen. Huel deng Yoga-Matt, a lass geet et!

Extra Tipp: speziell ätheresch Ueleger eegne sech besonnesch gutt fir an d'Rou ze kommen. Empfeele kann ech der heifir z.B. d'Yoga Collection vun "doTERRA" (bei Froen dozou stinn ech dir gären zur Verfügung).

 

OTMUNG
An dësem Video geet et fir d'éischt em déi richteg Otmung (och genannt "Pranayama"). Kontroll vum Otem - Verdéiwen a Reguléieren duerch Opmierksamkeet, am Hei an Elo a bei sech selwer ukommen, den Nervesystem ze berouegen, Emotioune lassloossen.

VERWUERZLUNG
Begleet vun Affirmatiounen, verwuerzelen a verankere mir eis mat der Äerd, maachen eis bewosst datt mir mat hier verbonne sinn - a bauen esou Vertrauen a Stabilitéit an eisem Liewen op.

AURA-RENGEGUNG
Eng Übung aus dem Qi-Gong, déi d'Energiefeld ronderëm eis botzt a rengegt.

 

Ganz einfach Opwierm-Übungen fir virun denger Yoga Session - oder als eenzel Übung wann's de keng Zäit fir eng ganz Yoga-Stonn hues (ca. 15 min). Verbessert Flexibilitéit, speziell bei Verspanungen.

Extra Tipp: speziell Ätheresch Ueleger eegne sech besonnesch gutt fir an d'Rou ze kommen. Empfeele kann ech der heifir z.B. d'Yoga Collection vun “doTERRA” (bei Froen dozou stinn ech dir gären zur Verfügung).

 

Shake it, Baby! Wat witzeg ausgesäit, ass zugläich immens entspanend. Probéiert et!

Des Rësel-Übung aus dem "Kundalini-Yoga" (Yoga vun der Energie) ass eng aktiv Meditatioun, an erméiglecht dir alles wat dech belaascht, vun der Séil ofzerëselen . D'Vibratioune ginn dir frësch Kraaft - an entlaaschten net nëmmen däi ganze Kierper, mee och däi Geescht.

Wichteg ass heibäi dech selwer richteg ze beobachten, fir deng Verspanungen erauszespieren, a méi e staarkt Kierpergefill ze entwéckelen. Wat's du et méi laang packs, wat den Effekt vun dëser Übung méi grouss ass.

 

"Asanas" si verschidde Yoga-Positiounen.

An dësem Video komme mer vun der "Hond-Kaz Asana" (staarke, flexibele Réck / Lockerung vu Verspanungen) an déi vum "Hond" (stäerkt Schëlleren an Ärem / aktivéiert d'Wirbelsail) an zum Schluss an déi "säitlech Deenung" (speziell vum Uewerkierper an de Been).

Et ass wichteg, all Übung bewosst a mat der richteger Otmung auszeféieren.

 

Dës Übung ass eng Variatioun vum klassesche "Sonnengruß". Du kanns se souwuel als Opwiermung maachen, wéi och tëschenduerch als eenzel Übung - oder domadder deng Yoga Session ofschléissen.

Et eegent sech besonnesch fir deng Flexibilitéit ze stäerken, Muskulatur ze dehnen, Otmung ze verdéiwen, am Hei an Elo unzekommen. Et ass och eng gutt Virbereedung fir an d'Rou an an d'Meditatioun ze kommen.

 

"Shavasana" (och genannt "Totenhaltung") ass d'Schlussentspanung mat där all Yoga Session sollt ophalen. Ech guidéieren dech op dëser Rees duerch däi Kierper, an dësen Zoustand vun déiwer Entspanung ze kommen, an där och de Geescht zur Rou fënnt.

Et geet drëms näischt ze maachen, ze denken, ze fillen, sech net ze beweegen... an den Otem net ze kontrolléieren.

Bei Problemer mam Réck, kanns du entweder deng Been opstellen, oder der e Këssen ënnert d'Knéien oder d'Féiss leehen.

 
 

Meng Video-Cours’en a Meditatioune si gratis. Wanns de mech wëlls ënnerstëtzen a mir hëllefen weiderhin fir iech nei Projet’en ze entwéckelen, freeën ech mech iwwer däin Don.

Merci

 
 
 
 
 
Annette Yoga Kalenner BW 3.jpg