Vum Kapp an de Kierper
vum Verstand an d’Häerz.

Merci dass du hei bass!

Ech sinn d’Annette.
Zënter 2003 beschäftegen ech mech intensiv mat fernöstlecher Medezin - speziell Shiatsu a Yoga. Déi verschidden Techniken déi ech iwwer d'Joren studéiert hunn, setzen ech fir d’Wuelbefannen vu menge Matmënschen an. Fir en erfëllt a gesond Liewen ass et enorm wichteg eise Kierper, Geescht a Séil am perfekte Gläichgewiicht ze halen - eppes wat an eiser haiteger vu Stress geploter Welt oft schwéier fällt.

Ech hëllefen dir, nees an d’Rou an an deng Mëtt ze fannen, weisen dir Methoden fir Stress ofzebauen, Verspanungen ze léisen, déi richteg Otmung ze fannen - sou dass d’Energie tëschent Kierper, Geescht a Séil erëm fräi fléisse kann. Shiatsu, Yoga a Meditatioun si bewäerten Techniken, déi zënter Dausende vu Joren bekannt sinn, mee réischt an de leschte Joerzéngten als alternativ Heel-Methoden an eiser westlecher Welt op oppen Ouere stoussen. A menge Video’en kanns du léieren, dir selwer ze hëllefen, mee och Leit déi dir nostinn.

Du brauchs keng besonnesch Virkenntnesser ze hunn. Meng Cours’en sinn onkomplizéiert, souwuel fir Ufänger, wéi och fir en erfuerene Yogi einfach ze praktizéieren. Wat wichteg ass, ass sech kënne fräi ze maachen, sech falen ze loossen, a virun allem Spaass ze hunn!

Meng Video-Cours’en a Meditatioune si gratis. Wanns de mech wëlls ënnerstëtzen a mir hëllefen weiderhin fir iech nei Projet’en ze entwéckelen, freeën ech mech iwwer däin Don.

Bank: LU49 0019 4703 7307 1000 BCEELULL
Digicash: +352 621 268 101
oder mat PayPal:

Merci dass de meng Aarbecht wäertschätz!

Annette