STILLPOINT TEXT Logo 2.png

Kierper, Geescht & Séil

am

Gläichgewiicht

 
STILLPOINT New Logo White A4.jpg
 
 

YOGA, SHIATSU & RELAXATION

Gesondheet op Lëtzebuergesch

STILLPOINT steet fir Shiatsu, Yoga, Meditatioun, Herz Qi-Gong, 5-Elementen-Ernährung…

Dëst si bewäerten Techniken, déi zënter Dausende vu Joren bekannt sinn, mee réischt an de leschte Joerzéngten als alternativ Heel-Methoden an eiser westlecher Welt op oppen Ouere stoussen. A menge Video’en kanns du léieren, dir selwer ze hëllefen, mee och Leit déi dir nostinn.

Du brauchs keng besonnesch Virkenntnesser ze hunn. Meng Cours’en sinn onkomplizéiert, souwuel fir Ufänger, wéi och fir en erfuerene Yogi einfach ze praktizéieren. Wat wichteg ass, ass sech kënne fräi ze maachen, sech falen ze loossen, a virun allem Spaass ze hunn!

Bréng däi Kierper, Geescht & Séil erëm an Aklang mateneen, a fill dech wuel.

Vum Kapp an de Kierper
vum Verstand an d’Häerz.

 
 
 
 

Meng Video-Cours’en a Meditatioune si gratis. Wanns de mech wëlls ënnerstëtzen a mir hëllefen weiderhin fir iech nei Projet’en ze entwéckelen, freeën ech mech iwwer däin Don.

Merci

 
 
 
 
 
Annette Yoga Kalenner BW 2.jpg